Den Jobcast

De Wee vun der Aschreiwung bei der ADEM bis an den aktuellen Job. All Episod erzielt eng inspiréierend Success-Story. Den Jobcast ass de Podcast vum Studio J, der Produktiounsunitéit vum Lëtzebuerger Journal, a Kollaboratioun mat der ADEM, der Agence pour le développement de l'Emploi.

Den Jobcast

Latest episodes

#6 Kevin Risch

#6 Kevin Risch

21m 39s

De Kevin Risch huet 28 Joer, ass aus Lëtzebuerg a mécht Musek. Déi eng oder aner kennen e bestëmmt och ënnert dem Numm Brebo. De Lycée huet hien, wou e méi jonk war, virun der Première ofgebrach. Hien ass an e Fitnesszenter schaffe gaang… bis en do entlooss ginn ass. Vu senger Musek ze liewen – säin endgültegt Zil – war awer (nach) net méiglech. An esou huet hien sech bei d'ADEM ageschriwwen.

E puer Joer méi spéit ass de Kevin nach ëmmer bei der ADEM… Elo schafft en awer hei, am Guichet REVIS (kuerz fir Revenu d'inclusion sociale). A...

#5 Merryn Swan

#5 Merryn Swan

24m 20s

De Merryn Swan kënnt aus Groussbritannien. No engem Ëmwee am Gibraltar ass fir d'Léift zu Lëtzebuerg gelant. Hei huet hien sech ëmmer weider bis zu engem Féierungsposten am Finanzberäich erop geschafft. "Ech hu gemengt, dass dat fir ëmmer mäi Liewe géif sinn", esou de Merryn. An dunn : Burnout, Therapien an eng Aklasséierung als "Travailleur handicapé".

Zwee Joer méi spéit féiert de Merryn ee ganz anert Liewen, wäit ewech vun de Costumen a vun den Zuelen. Mat der Hëllef vun der ADEM huet hien een Job fonnt, wou hien seng Kreativitéit a Rou ausliewe kann. Zesumme mam Franziska Peschel, senger...

#4 Iryna Shevelova

#4 Iryna Shevelova

24m 32s

D'Iryna Shevelova ass Ukrainerin. Virun engem Joer huet si déi schwiereg Entscheedung getraff, hiert Heemechtsland, an deem bis haut nach Krich herrscht, ze verloossen. Si ass op Lëtzebuerg komm, fir hir bescht Frëndin ze besichen an huet doropshin entscheet, ze bleiwen. "Ech hunn einfach gemierkt, dass ech hei e bessere Schlof kréien", erzielt si.

Professionell huet si sech op eng schwéier Zäit gefaasst gemaach… Déi war méi kuerz, wéi geplangt. Mat der Hëllef vun der ADEM huet si schnell een Job fonnt, deen hir Spaass mécht. Zesumme mam Madeleine Skacel, hir Managerin, erzielt si hire Wee zu hirem Posten als...

#3 Silvia Fernandes

#3 Silvia Fernandes

23m 54s

D'Silvia Fernandes ass blann a schafft haut als Guide-Serveuse am Restaurant "Dans le Noir ?" um Kierchbierg. Hei iessen d'Clienten am Däischteren. Ma och wann dës Aarbecht fir d'Silvia – dat net ëmmer blann war – wéi gemaach ass, huet hir Behënnerung hir vill Steng an de Wee geluecht. Zwee Mol huet si missten duerch hir Krankheet mat fréiere Stagen ophalen.

No 20 Joer ouni Aarbecht, huet d'Silvia mat der Hëllef vun der ADEM en Job fonnt, dee si glécklech mécht. Si erzielt vun hirem Parcours zesumme mam Marlie Guérin, der Managerin vum Restaurant.