#7 Mathias Treinen
De Mathias Treinen ass 27 Joer al a mécht een Apprentissage Adulte an enger Autosgarage. Nom Lycée huet hien op der Uni verschiddenes ausprobéiert, mee d'Schicksal huet hien zeréck bei seng Passioun bruecht : Autoen. An dat war den Ufank vu senger Karriär bei Merbag zu Hollerech. D'Entreprise, fir déi hien haut nach schafft.
Dëse Wee gouf him duerch d'Zesummenaarbecht tëscht Merbag an der ADEM erméiglecht. Den Hans Maes, säi Meeschter, an de Stephan Hawlitzky, Chef de Service Orientation Professionnelle vun der ADEM, erzielen, wéi hir Collaboratioun funktionéiert, a wéi se dem Mathias säi Wee impaktéiert huet.